Literatur am Servais-Haus, Skulptur beim Engel
Beim Engel sinn nei Skulpturen ze gesinn. Zu Miersch geet et mat "Aufbehwahrt" an d'Archiven.
D’Ausstellungsserie INTRO an der Galerie beim Engel ass eng Initiative vum Kulturministère fir d'Lëtzebuerger Artisten an de verschiddenste Konschtsparten z'ënnerstëtzen. All Mount ännert d'Ausstellung an am September dréint sech alles ëm d'Skulptur. Siwe Kënschtler si mat dobäi: Pitt Brandenburger, Marie-France Goerens, Katarzyna Kot-Bach, Sandra Biewers, Mathis Toussaint, Rol Backendorf a Wouter Van der Vlugt.
Am Literaturzenter zu Miersch kritt een en Abléck an d'Liewe vun 18 lëtzebuergeschen Auteuren (vun Dicks bis Jean Portante). Mat perséinlechen Objete wéi Fotoen, Notizhefter, Schreifmaschinne ginn hei wichteg Outile gewisen, déi deels zu de literaresche Wierker gefouert hunn oder déi méi e biographeschen Aspekt weisen.
Reportage vum Patricia Baum