Zanter 3 Joer ass den DKollektiv, e Groupement vu Kënschtler, an den Industriefrichen zu Diddeleng aktiv.

An hirem Atelier, deen an der Fondouq-Hal installéiert ass, proposéiere se kulturell Projeten an engem aussergewéinleche Kader. Ier se an d’Wanterpaus ginn, huet den DKollektiv déi lescht zwee Weekender an den Atelier invitéiert, wou ee sech verschidden Interventioune vu Kënschtler konnt ukucken, ënnert anerem eng Expo.

Vun 1952 un huet den Etienne Meyer als Ingenieur zu Diddeleng "Op der Schmelz" geschafft. Genee op dëser Plaz, an enger aler Hal, wou haut den "Atelier D" dran ass, stellt dem Etienne Meyer seng Enkelin eng Fotoserie iwwert hien aus. D’Kënschtlerin Neckel Scholtus huet dofir al Fotoen aus de Familljen-Archiven erausgesicht an nei Fotoe ronderëm d’Hal gemaach, fir ze weisen, wéi déi Plaz mëttlerweil ausgesäit.

Am Kader vun der Expo "Alerte face à l’événement" – déi den Ofschloss vun der Saison vum DKollektiv markéiert – waren och nach aner Kënschtler invitéiert, sech mam Thema Industrie, der Geschicht a mam Site selwer auserneen ze setzen. E Site, deen et esou geschwënn net méi gëtt. E muss Plaz maache fir de Projet NeiSchmelz. Dofir versicht den DKollektiv nach souvill wéi méiglech an der Fondouq-Hal ze maachen, fir Opmierksamkeet op dës Plaz ze zéien.

De Pit Wagner schafft am Kader vun der Expo mat Eisen a Stol a spillt dobäi mam däitschen Wuert "Hütte", wat souwuel eng Kabaischen wéi och eng Schmelz ka sinn. Hie benotzt zum Deel Material, wat scho sur place war.

Wéi laang genee dës Hal nach bestoe bleift, ass net gewosst. Den DKollektiv hofft natierlech, dass hire Projet "Atelier D" nach bëssi ka weider goen.