All Joer gëtt den 21. Mäerz dem Johann Sebastian Bach säi Gebuertsdag uechter d'Welt mam Projet "Bach in the Subways" geféiert.

An dat zanter zejoert och zu Lëtzebuerg. Wéi dat konkret ausgesäit a sech unhéiert? D'Claudia Kollwelter mat éischten Andréck aus der Stad.

AUDIO: Bach in the Subways: Rep. Claudia Kollwelter

Den Donneschdeg de Moien um 10 war den éischte vun am Ganze ronn 25 Concerten. De Roby Lohr an de Roby Stoos vum Ensemble Ad Libitum hunn de Programm vum Dag lancéiert an dat am Biergercenter, wou se de Leit d'Waarden op hiren Tour mat Kläng vum Bach e gutt Stéck méi agreabel gemaach hunn. An domat ass souzesoen de Mini-Marathon fir dem Bach säi Gebuertsdag ugaangen, deen op e sëlleche Plazen an der Stad en Donneschdeg mat klenge Concerte geféiert gëtt. Eng Iddi, déi an den USA entstanen ass ...

Et ass souzesoen en Hommage um Johann Sebastian Bach seng Musek an awer och d'Méiglechkeet, déi klassesch Téin och un déi Leit ze bréngen, déi dës normalerweis net lauschteren, an dat dann op ganz verschidde Plazen, déi een net onbedéngt mat Musek associéiert. Déi ronn 50 Museker spillen en Donneschdeg zum Beispill am Cercle Cité, beim Funiculaire am Tram, oder och nach an der Coque.

Avis aux amateurs also - den Entrée ass gratis.

De komplette Programm hei an och op www.inecc.lu.