Mir presentéieren Iech all Woch en neie Musekstudent mat engem akustesche Cover. Musek made in Luxembourg, déi et der Wäert ass gelauschtert ze ginn.

All Freideg stelle mer Iech iwwer den RTL You ee Museker a säi Video mat engem perséinlech gecoverte Lidd vir. Am véierten Deel  ass et d'Clarisse mam Lidd "Figures".

Zanter d'Clarisse schwätze kann, séngt et och. Nodeems et de Solfège mat Succès gemeeschtert huet, huet et d'Course mat der Querflütt ugefaangen. Duerno koum nach d'Gittar a Piano dobäi. Ma no e puer Joer huet sech d'Clarisse eng Auszäit gegënnt, och wa seng Museksproffen net begeeschtert waren.

D'Musek huet him gefeelt an dat jonkt Talent gouf Studentin an der Rock University, fir sech am Sangen méi z'antrainéieren. Mat den Examen am klassesche Gesang, koum och d'Motivatioun zeréck an dem Clarisse seng gesanglech Technik ass mëttlerweil um Niveau, fir e ganz eegenen Stil z'entwéckelen an iergendwann seng eegen Kompositiounen ze presentéieren.

D'Rock Universitéit ass eng Museksschoul anescht wéi anerer. Do geet et net drëm d'Musek just einfach nëmmen ze spillen, mä se ze fillen, ze spieren a virun allem ze personaliséieren. All Léierstonn ass op de Besoin vun de Studenten ugepasst an dat weist sech och am Resultat.

D'Klasse si fir all Mënsch accessibel, souwuel fir Amateuren, wéi och Leit, déi méi exerzéiert sinn. D'Léierpersonal besteet aus professionelle Museker, Passionéierter, déi sech als Zil gesat hunn, all Talent ze fërderen.

Songs am Iwwerbléck