
Extravagant Kostümer, vill Animatioun an technologesch Kreatioune maachen de Succès vun dësem Rendez-vous aus, deen zanter 2011 am Fond-de-Gras organiséiert gëtt.
Steampunks nennt een déi Leit, déi sech vun den industrielle Revolutiounen inspiréieren. Si kommen aus ganz Europa fir hir Kultur mat de Lëtzebuerger ze deelen a sech vun de Visiteure bewonneren ze loossen.
Den Organisateur, de Minett Park Fond-de-Gras, huet e ganze Programm fir Grouss a Kleng op d’Been gesat mat Stroossekonscht, Marionettentheater, Illusionismus, Dréiuergelspill a vill aner flott Presentatiounen.
Op engem groussen, viktorianesche Maart mat iwwer 50 Stänn fannen d’Visiteuren donieft och Kleeder, Accessoiren, Zeechnungen, Bijouen, Dekoratioune a Steampunk-Sammlerstécker.
Fir traditionell Verfleegung, mat Flammkuchen, vegetaresch, Crêperie, Bäckerei, Cocktail-Bar an engem Béierstand, op deem 17 Zorten ugebuede ginn.
D’Entrée um Site ass gratis.
Et ginn zwou Méiglechkeeten: mam "Train 1900" vu Péiteng aus oder mam Bus vu Nidderkuer, Déifferdeng a Lamadelaine aus. D’Minièresbunn wäert déi zwee Deeg och fueren, mä net bis op Lasauvage.
Hei fannt dir d'Horaire vun den Zich:
Samschdeg:Train 1900: vu Péiteng aus um 11.00, 12.10, 13.15, 14.15, 15.15, 16.15, 17.15, 17.52, 18.35 an 1910 Auer.
Minièresbunn: vum Fond-de-Gras aus um 14.00, 15.00, 16.00 a 17.00 Auer.
Sonndeg:
Train 1900: vu Péiteng aus um 11.00, 12.00, 12.45, 13.30, 14.15, 15.00, 15.45, 16.30, 17.15, 18.00, 18.45 an 19.25 Auer.
Minièresbunn: vum Fond-de-Gras aus um 11.00, 12.00, 14.00, 15.00, 16.00 a 17.00 Auer.
Méi Informatiounen um Site www.anno1900.lu