David IanniDe Wee aus der Trauer mat Hëllef vu Musek

Philippe Dondelinger
Well den David Ianni selwer betraff ass an an der Famill Jonker huet, déi ëm ee Verstuerwenen traueren, huet hien e Lidd komponéiert.
"Forever" vum David Ianni
De Lëtzebuerger Pianist a Komponist huet fir d’asbl Trauerwee d’Lidd “Forever” komponéiert.

De Lëtzebuerger Pianist huet passend zum Lidd “Forever” och nach e Videoclip produzéiert, an deem d’Kanner matwierke konnten.

Et ass net ëmmer einfach e Verloscht ze verdauen, ma d’Produktioun vum Videoclip huet de Kanner Spaass gemaach. Fir eng Kéier konnte si emol hannert d’Kulisse kucken a virun der Kamera stoen.

D’Martine Wirtz ass Responsabel fir déi psychologesch Betreiung vun de Kanner a war och positiv iwwert d’Auswierkunge vun dësem Projet iwwerrascht. Vill vun de Kanner konnte sech opmaachen an et huet hinnen enorm Spaass gemaach mam David Ianni zesummen ze schaffen.

E Méindeg war d’Premiere vum Videoclip an de Making-of zu Téiteng an der Schungfabrik, e ganz beréierende Moment an e schéinen Ofschloss fir e Projet, dee sech weisen léisst.

Back to Top
CIM LOGO