Verschidde Gemenge weisen am Kader vun der Orange Week de Film "Hors d’Haleine"
D’Iddi vun dëse Seancen ass et, de Grand publique fir d’Thema vun der haislecher Gewalt ze sensibiliséieren.
Zesumme mam Ministère de l’égalité des Genres et de la Diversité an der Orange Week weisen d'Gemenge Stroossen, Hesper, Leideleng, Suessem, Réiser, Mamer a Bartréng an den nächsten zwou Wochen de Film "Hors d'Haleine" vum Eric Lamhène gratis.
Bei dëse Seancen sinn dann och Leit Present, déi entweder eppes mam Film ze dinn hunn, wéi de Regisseur Eric Lamhène an d'Actrice Esperanza, déi d'Haaptroll spillt a selwe Affer vun haislecher Gewalt ass, wéi awer och Responsabele vu Foyeren, déi an dësem Domaine aktiv sinn, oder eng Persoun vun der Associatioun "La Voix des Survivants et Survivantes".
D'Datumer vun de Seancen
- 26/11 um 19h00 am Centre Barblé zu Stroossen.
- 27/11 um 19h00 am Centre Culturel “Celo” zu Hesper.
- 28/11 um 19h00 am Centre Culturel zu Leideleng.
- 01/12 um 19h00 am “Artikuss" zu Suessem.
- 02/12 um 19h00 an der Salle des Fêtes zu Réiser.
- 03/12 um 19h00 an der Gemeng Mamer.
- 10/12 um 19h00 zu Bartreng.
Och ginn d'Filmer schonn dat ganzt Joer iwwer an de verschiddenste Lycéeën am Land gewisen, fir eben och d'Schüler zu dësem Thema ze sensibiliséieren.
De Film och op RTL
"Hors d'Haleine" leeft dann och de 27. Dezember op RTL Télé Lëtzebuerg.
Reportage iwwert de Film vum 26. November 2024
De Film, deen 2024 eraus koum, gouf dann och dat Joer am Kader vun der Orange Week am Ciné Skala zu Dikrech gewisen, mat enger Diskussiounsronn no der Seance.