D'Ticketvente fir den nächsten Eurovision Song Contest zu Wien geet Ufank 2026 lass.

90.000 Tickete ginn am Januar an d'Vente

Zanter e Méindeg 10 Auer kann ee sech um Eurovisiouns-Site umellen, fir sech kënnen en Ticket ze sécheren. Ganz wichteg: Just déi Leit, déi sech bis den 18. Dezember online registréiert hunn, dierfen op en Ticket hoffen. 90.000 Tickete fir néng Showen an der Wiener Stadthalle ginn deemno am Januar verkaaft. Zur Auswiel sti Kaarte fir d'Halleffinallen den 12. a 14. Mee, sou wéi d'Finall de 16. Mee. Dozou gehéiere wéi gewinnt déi sougenannte Pre-Shows respektiv d'Generalprouf.

Enregistréiere kann ee sech um ESC-Site, deen extra fir déi 70. Editioun en neie Look krut. Hei muss ee sech mat Hëllef vu senger E-Mail-Adress verifizéieren a gëtt dann op oeticket.com weidergeleet. Do muss ee seng E-Mail-Adress nach emol androen a gëtt op eng Waardelëscht gesat.

Tëscht 10 an 360 Euro muss ee bezuelen, fir live beim Eurovision Song Contest 2026 kënnen dobäi ze sinn. Mam deiersten Ticket kann ee sech d'Finall am Beräich virun der Bün ukucken, am sougenannte Golden Circle.

Déi éischt Verkaafswell ass den 13. Januar, wéi et vum éisträichesche Sender ORF heescht. Nom Prinzip "first come, first serve" kann all enregistréiert Persoun bis zu maximal véier Tickete kafen.

RTL

Nei Reegelen

Virop déi wichtegst Ännerung betreffen d'Voting-Reegelen.

Nom Contest am Mee d'lescht Joer zu Basel, bei deem d'israeelesch Sängerin Yuval Raphael mat "New Day Will Rise" op déi zweet Plaz koum a beim Publikumsvott souguer op der Plaz 1 louch, ware Kriticken opkomm.

Direkt e puer Senderen, dorënner Irland, Holland, Belsch, Spuenien, Island a Finnland hunn hir Zweiwel iwwer d'Resultat geäussert a gefuerdert, datt d'Ofstëmmung sollt iwwerpréift ginn.

D'Europäesch Rundfunkallianz (EBU) huet reagéiert. Et hätt een "nogelauschtert a gehandelt". Déi wuel gréissten Ännerung betrëfft d'Spectateuren. An Zukunft dierf all Fan nëmmen nach 10 amplaz bis ewell 20 Stëmmen ofginn. Esou soll verhënnert ginn, dass ganz Gruppen 20 Mol fir dat selwecht Land uruffen an domat d'Ofstëmmung beaflossen.

Zousätzlech gëtt et, fir eng éischte Kéier zanter 2022, nees eng Jury-Decisioun an der Halleffinall. An der Finall gëtt et dann eng 50-50-Opdeelung tëscht Jury- a Publikumsstëmmen. De Jury besteet och net méi aus fënnef, mä aus siwe Memberen. Si mussen donieft eng formell Erklärung ënnerschreiwen, an där si eng onofhängeg an onparteiesch Ofstëmmung garantéieren.

Déi nei Reegele betreffen allerdéngs och d'Reklamm fir eenzel Beiträg. Natierlech ass Reklamm fir e Land respektiv Kënschtler oder Lidd ausdrécklech erwënscht, viséiert sinn awer net adequat Campagnen, zemools wa se vu Regierungen oder Regierungsagence lancéiert ginn.

An Zukunft soll all Sender, dee beim ESC matmécht, verbuede kréien, bei Campagnen oder Reklamme matzewierken. Dës Mesure bezitt sech an dësem Fall explizitt op Israel, déi Annoncen um Internet publizéiert haten an opgeruff haten, fir hir Kandidatin unzeruffen.

Gëtt Israel ausgeschloss beim ESC 2026?

D'Debatt ass nach ëmmer aktuell. E puer Länner hate jo zum Boykott opgeruff, sollt Israel weider matmaachen dierfen. Dës Fro soll Ufank Dezember diskutéiert ginn. Ob d'Ännerungen, déi lo schonn decidéiert goufen, en Afloss wäerten hunn, bleift oppen.