Virun 75 Joer huet keen un dat neit Joer geduecht, mä jiddereen huet gehofft, dass de Massaker an d'Bombardementer geschwënn ophalen.

Den 21. Januar 1945 ass Buerschent befreit ginn. Zäitzeie ginn et ëmmer manner, dofir huet de G.R.E.G vum Ettelbrécker Patton Musée decidéiert ëm den 21. Januar des Ausstellung ze maachen. Bis den 10. Mee kann een dës Ausstellung um Schlass zu Buerschent kucken, op Wonsch och mat Guide.Och op Schoulklassen wier ee preparéiert, seet de President vum Patton Musée Jos Tholl.
12 Awunner waren an engem KZ a 4 dovun sinn net méi heem komm, 39 Awunner hunn hiert Liewen gelooss. 4 jonk Männer an 20 jonk Meedercher sinn an de Reicharbeitsdienst agezu ginn.

All Mënscheliewen, dat do verluer gaangen ass, ass eent ze vill.

Am Gemenge-Bulletin, deen de Paul Heinrisch, Paul Koetz a Patrick Ludivig zesummegestallt hunn. Mat iwwer 850 benevollen Aarbechtsstonnen, 130 Säiten an 180 Fotoe si vill Aussoen vun Zäitzeien a leider och vill Grausamkeeten, déi d'Leit erlieft hunn, dokumentéiert. Vill Recherche si gemaach ginn an alles vun a ronderëm Buerschent a sengem Matbierger gouf dokumentéiert an ass am Bulletin erëmzefannen.

Vill Leit waren e Freideg fir d'Presentatioun vum Bulletin an d'Ouverture vun der Ausstellung op d'Schlass komm. Et gouf vill driwwer geschwat an diskutéiert. Fir déi, déi net konnten dobäi sinn, d'Ausstellung ass op bis den 10. Mee an de Bulletin kann ee kafe fir 15€. D'Buergermeeschtesch Annie Nickels-Theis sot e Freideg den Owend jidderengem ee grousse Merci, dee gehollef huet an dozou bäigedroen huet, dass dat Ganzt net a Vergiessenheet geréit.