De Museker Pascal Schumacher huet deemools de Projet an d’Liewe geruff, fir dem triste Mount Januar eng Jazz-Nout ze ginn.

Den Esprit vum klenge Festival zeechent sech virun allem duerch seng Zesummesetzung vun de Museker aus. 8 selektionéiert Artisten aus ganz Europa hunn 10 Deeg geschafft, fir eppes Neies ze schafen. Hei geet et drëm, mat sengem Instrument ze experimentéieren, ze improviséieren an sech ze erneieren. Wichteg ass et hei awer och sech opzemaachen a säi Wëssen iwwert den Jazz fir eng Kéier ze vergiessen.

Andréck vum Jang Gaspar