Den 20. Juni 2020 ass et nees esou wäit: dann ass zu Diddeleng eng méi lass.

All Joers zitt d'Fête de la Musique eng grouss Masse u Visiteuren aus dem Grand-Duché an aus der Grenzregioun un. Et ass virun allem de Kader an déi ënnerschiddlech Museksrichtungen, déi dëse Festival esou beléift maachen.

E Mëttwoch gouf offiziell annoncéiert, dass ënnert anerem d'Crash Test Dummies dëst Joer optriede wäerten. Confirméiert goufen och schonn d'Lotte, den Alex Henry Foster an d'Ana Popovic. De komplette Line-up gëtt zu engem méi spéiden Zäitpunkt verroden. Eppes ass awer sécher: et wäert fir all Goût eppes dobäi sinn.