365 Deeg am Joer, 365 Fotoe vun ënnerschiddleche Busarrêten. Dat ass d'Iddi hannert dem Konzept "Bus Stop Project" vum Patrik Österblad.

An der Fotographie ass all Motiv erlaabt: vu Landschaften, sougenannten "lost places" bis hin zu plakege Kierper. D'Auswiel aus grouss. An awer sinn d'Fotografe stänneg op der Sich no neien, beschtefalls nach onentdeckte Motiver. Andeems ee geziilt no ästhetesch usprochsvolle Plaze sicht, iwwersäit een am Alldag dacks Géigestänn oder Uerter, déi wéi dofir gemaach sinn, geknipst ze ginn. Wéi villfälteg zum Beispill e Busarrêt kann an Zeen gesat ginn, weist dem Patrik Österblad säi "Bus Stop Project".

Eng Selektioun vu Fotoe fannt Dir op sengem offizielle Site.