
D’Offer vun internationale Serien ass iwwert déi divers Streaming-Servicer grouss genuch, fir eng Weltrees ze maachen.
Korea ass bekannt fir gutt gemaachen Actionfilmer, an “Vagabond” ass do keng Ausnam.
Den Cha Dal-geon ass vu Formatioun Stuntmann a këmmert sech em säi jonke Neveu, zanter säi Brudder gestuerwen ass. De Jong ass e Member vun der koreanescher Nationalekipp am Taekwondo a soll mat a Spuenien fléien, fir d’Weltmeeschterschaften. Allerdéngs fält de Fliger mat der Ekipp u Bord erof, et gi keng Iwwerliewend.
Vun elo ass dem Dal-geon säin eenzegt Zil, erauszefannen, wat geschitt ass. Dobäi deckt e mat Hëllef vum Go Hae-ri, enger Agentin, déi fir déi koreanesch Regierung schafft, e Komplott op, dat se bis an déi héchsten Niveaue vun der koreanescher Wirtschaft a Politik féiert.
D’Actionzeene sinn, wéi et sech fir eng koreanesch Produktioun gehéiert, grandios gemaach, d’Helde sympathesch an déi Béis natierlech och richteg dreckeg. Als Europäer huet e keng Problemer d’Geschicht nozevollzéien, d’Serie ass och fir de westlechen Marché gemaach. Fans vum Genre kommen op hir Käschten hei, an als Purist muss e sech dat ganzt natierlech am Originaltoun ukucken, mat Ënnertitelen, versteet sech.
“Vagabond” ass op Netflix ze streamen, et gëtt eng Staffel mat 16 Episoden.
Deel 1: Südafrika: Queen Sono op NetflixDeel 2: Tierkei: The Protector op NetflixDeel 3: Israel: Beauty and the Baker op AmazonDeel 4: Indien: Made in Heaven op Amazon