Antoine GriméeComic-Sträifen erzielt d'Geschicht vun der Abtei Neimënster

RTL Lëtzebuerg
Eidel a roueg Gäng, kee Mënsch wäit a breet: esou stellt ee sech keng kulturell Gebailechkeet vir, an där soss honnerte vu Leit zesummekommen.

De Grand-Duché huet den Ament mat enger gesondheetlecher, wirtschaftlecher a gesellschaftlecher Kris ze kämpfen. Och d’Lëtzebuerger Kulturzeen kritt d’Konsequenzen all Dag op en Neits ze spieren. Vill gréisser Manifestatiounen, ob dat elo Concerten, Festivaller oder Theateropféierunge sinn, goufe bis op Weideres op Äis geluecht. An awer gëtt hei am Land weider fläisseg u kulturelle Projete geschafft. Dorënner zum Beispill e Comic-Sträife vum Antoine Grimée, deen thematiséiert, wéi een Impakt d’Pandemie op d’Neimënster am Gronn huet. A genau deen Ëmschwong ass op den Zeechnungen z’erkennen.

D’Corona-Situatioun ass awer just en Deel vun dësem Comic, dee vun e Samschdeg un ee Mol d’Woch erschéngt. Wärend 25 Woche gëtt all Samschdeg ee wichtegen historesche Moment vun der Neimënster op Biller illustréiert, wéi zum Beispill d’Grënnung vum Klouschter am Joer 1083 an d’Notzung als Staatsprisong bis 1985.

Ob dës Manéier kann den Zeechner mat Ënnerstëtzung vun der Neimënster Grouss a Kleng en Deel vun der Lëtzebuerger Geschicht méi nobréngen a fir Oflenkung an Zäite vu #bleiftdoheem suergen.

© Antoine Grimée

PDF: Communiqué neimënster (24.4.2020)

Back to Top
CIM LOGO