
De Corbi aka „De Kueb“ (Grënnungsmember vun De Läb) huet Iech mat a seng Welt vum Minett-Slang a stëbsege Placke geholl. Um Haaptmenü stounge kritesch Texter mat enger Prise Ironie. Als Digestif huet hien e bësse Fräistil zum Beschte ginn.
E Samschdeg war de leschten Optrëtt vu live aus der Stuff. 40 Kënschtler, oder “la quarantaine d’artistes”, wéi de Fransous géif soen.
Eng Initiativ vum Serge Tonnar, mam Kënschtlerkollektiv MASKéNADA a mat der Ënnerstëtzung vum Kulturministère.