Wie sech an der Musekszeen zu Lëtzebuerg bëssen auskennt, kënnt net laanscht den Numm Pascal Schumacher.

De Vibraphon ass dem Pascal Schumacher säin Instrument an Jazz seng Musek, ma virun zwee Joer huet hien och Interessi un der elektronescher Musek fonnt. Den neien Album ass eng ganz speziell Mëschung aus béide Stiler.
Ganz duuss an intim kann een et nach beschreiwen. Donieft soll den Album d'Villfältegkeet vum Vibraphon ervirhiewen.

De Museker a Komponist ass eigentlech och fir seng Kollaboratioune bekannt, ma un deem hei Projet huet hie ganz eleng geschafft.

Den Ausléiser war e Concert virun zwee Joer zu Salzburg um Jazz Festival. Vum Organisateur ass hie gefrot gi fir ganz eleng opzetrieden. Well him dat autonoomt Schaffe gutt gefall huet an hie wéinst sengem Optrëtt zu Salzburg schonn e puer Stécker zesummen hat, koum dunn d'Decisioun, e ganzen Album draus ze maachen.

SOL esou nennt sech den Album. D'Bedeitunge vum Numm si villfälteg. Engersäits ass et SOL wéi d'Sonn, ma och SOL wéi SOLitude, well et den éischte Solo Album vum Kënschtler ass, oder SOL, wéi d'Nout SOL, déi och am Stéck SOL eng grouss Roll spillt.

Op e léifste Stéck vum Album wëll hie sech net festleeën an awer tendéiert e ganz kloer zum Kapp vum Album, d'Lidd mam Numm SOL, dat als éischt released gouf a fir dat et och e Videoclip gëtt. Donieft zielt awer och TROPISMES zu deene Stécker déi him am beschte gefalen.

Den 21. Mäerz dëst Joer sollt den éischte geplangte Concert, fir den Album ze presentéiere sinn, vill weider Concerten duerch Europa ware geplangt, ma wéinst der Momentaner Situatioun misst alles ofgesot ginn. Fir d'Release ass dann awer e Stream aus dem Mudam geplangt. Dee kann ee sech da vun 21 Auer u live op Facebook ukucken.