Éisträich huet villes richteg gemaach an der Covid-19-Pandemie. Mat Dänemark war d'Land eent vun den 1. an der EU, dat iwwergoung an den Deconfinement.

D'Kultur deet sech och an Éisträich weiderhi schwéier mat engem Retour an d’Normalitéit.

Adagio am Deconfinement

Déi weltwäit renomméiertst Haiser an der klassescher Musek stinn zu Wien, mä och si di sech schwéier aus der Kris erauszekommen. An normalen Zäiten hate 1.700 Leit Plaz am grousse Sall vun der Wiener Oper, elo affichéiert ee complet bei 100 verkaafte Sëtzer. Et gëtt kee Gedrécks bei de Vestiairen a scho guer net am Sall.

Net wäit ewech vun der Oper ass d’Konzerthaus an och do ass et frustrant, dass Museker, déi zu der Weltklass zielen, just viru klengem Public dierfen optrieden.

Soss huet all eenzel vun deenen Institutiounen zu Wien alt bis zu 600.000 Billjeeën d’Joer verkaf. Elo riicht ee sech nach un eng dënn Clientèle vu Privilegiéierten. Déi 14 Virstellunge vun der Staatsoper bis Enn dës Mounts waren an 20 Minutten ausverkaf.

D’Regierung zu Wien plangt vum Juli un d’Jauge fir d’Leit bannen an engem Sall op 250 an am August op 500 eropzesetzen. Virausgesat natierlech, dass eng zweet Well ausbleift.