Den Däitschen Newcomer vum Joer, Nico Santos, kënnt op Lëtzebuerg. Hie kënnt den 12. September d'nächst Joer an den Atelier.

Mat senge Megahits wéi "Rooftop", "Safe" an "Oh Hello" ass den Nico Santos bekannt ginn a gouf mat deenen Hits zum erfollegräichsten Radio-Kënschtler vum Joer 2018 gewielt. Mat bal 110.000 Radioplays huet hien ëmmerhin aner international Superstars wéi Pink,  oder den Ed Sheeran an de Schied gestallt a gouf ënner anerem fir de wichtegsten däitsche Mediepräis "Bambi" nominéiert.

Mat Songs wéi "Unforgettable" an der Single "Better" huet den Nico Santos 2019 nach eng drop gesat. Mat der fuschneier Single "Play with Fire" huet hien net just nach en neit musikalescht Kapitel lancéiert, mä kënnt 2021 och eng alleréischte Kéier op Lëtzebuerg.

D'Tickete ginn e Freideg de 26. Juni 2020 um 10 Auer Internetsite vum Atelier an d'Vente.