E virtuelle Festival mat nationalen an internationale Museker
Déi zweet Editioun vum Echterlive-Festival ass dëst Joer op der Tëlee an um Internet gelaf.
Lescht Joer hat den Echterlive-Festival seng Première, dëst Joer muss e scho pausen, sou wéi bal all Kultur-Events. D’Ekipp huet sech am Confinement awer eppes ganz Besonnesches ausgeduecht a bréngt Iech dëst Joer exklusiv mat RTL e puer Concerten op verschiddene coole Locations heem.
E Freideg den Owend kënnt Dir Iech freeën op d‘Pianistin Cathy Krier an der St. Pierre & Paul Kierch, de Rufus Wainwright & d‘Judith Hill "live from L.A.", d‘Benoit Martiny Band spillt Jazz am TRIFOLION Iechternach, d'Singer-Songwriter C'est Karma a Bartleby Delicate spillen um Iechternacher Séi an den EDSUN trëtt am Abteishaff op.