Perséinlechkeeten aus dem Lëtzebuerger Kulturliewen présenteiert an engem neien "art-eckege" Format.

D'Belle Epoque – eng Zäit mat kulturellem an ekonomeschem Opschwong. Den Esprit vun där Epoche ass markéiert duerch déi industriell Revolutioun an duerch déi ëmmer méi schnelllieweg Gesellschaft. Paräis krut en Eiffeltuerm, zu Athen waren déi éischt olympesch Spiller an den Albert Einstein koum mat senger Relativitéitstheorie. Spéitstens 1914 mam éischte Weltkrich ass dat gewëssent Liewensgefill vun der Belle Epoque verschwonnen. Ma de Glawen un d'Technik ass awer schonn 2 Joer virdru mat der Titanic ënnergaangen.

Zu Diddeleng kann ee soen, datt d'Liewen ëm 1900 virun allem vun der wuessender Stolindustrie beaflosst ass. De Moler Dominique Lang war e Minetter, seng Heemecht Diddeleng huet hien awer manner impressionéiert vun der Industrie an dofir méi vun der Natur.

Seng Originne léien am Symbolismus. De Mënsch, d'Poesie, d'Relioun an d'Mythologie stoungen hei am Virdergrond. Ma haut ass den Dominique Lang awer bekannt als dee wichtegste Lëtzebuerger Impressionist. Eng Stilrichtung, déi markéiert ass duerch d'Duerstellung vu Stëmmungen a flüchtege Momentopnamen. Seng impressionistesch Patt huet hien aus dem Ausland mat op Lëtzebuerg bruecht: Paräis, München, Roum, Antwerpen.

Zu senger Zäit war hien onbekannt, eréischt 20 Joer no sengem Doud si seng Wierker unerkannt ginn. Ma och doheem war säi Beruff als Kënschtler net gutt ugesinn. Hien koum aus enger Bauerefamill a säi Papp huet fonnt, datt d'Konscht reng Zäitverschwendung wier.

A senge 45 Joer Liewenszäit huet hien e Patrimoine erschaf, deen haut immens wichteg ass fir d'Lëtzebuerger Konschtgeschicht. E Konschtzentrum an eng Strooss sinn no him benannt. Dem Dominique Lang seng lescht Jore si virun allem markéiert duerch Krankheet. Duerch seng staark Migräne ass och seng Depressioun ëmmer méi staark ginn an zum Schluss war hie quasi blann. Den 22. Juni 1919 ass hien zu Schëffleng gestuerwen.

Art Eck - ëmmer freides um 19h50 op RTL Télé Lëtzebuerg an am Replay op rtl.lu.