De Lëtzebuerger Pianist gouf fir säin "Mozart"-Album gläich zweemol nominéiert.

De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller ass fir de wichtegen Opus Klassik Präis 2020 nominéiert ginn. De Präis fir klassesch Musek ass den Nofollger vum Echo Klassik, deen et vun 1994 bis 2017 an Däitschland gouf.

Fir den Opus Klassik Präis ass seng Opnam "Mozart: Complete Piano Sonatas, Vol.2" nominéiert ginn. Enn 2019 huet de Jean Muller déi zweet vun 5 Mozart Opnamen, ënnert dem Label Hänssler Classic, verëffentlecht. D'Resonanz an d'Kriticken waren, op internationalem Niveau, ganz gutt.

D'Wierk ass an zwou Kategorien nominéiert: "Solistische Einspielung Instrument" an "Instrumentalist". D'Präisiwwerreechung ass den 18. Oktober am Konzerthaus zu Berlin.