D'„Congés Annulés“ gehéieren zu deene wéinege Summerfestivaller, déi net wéinst dem Covid-19 ofgesot goufen.

Trotz deene spezielle Konditioune bidden d'Rotondes dem Public och dëst Joer dee ganzen August iwwer een ofwiesslungsräiche kulturelle Summerprogramm.

De Programm vun där 12. Editioun vum „Congés Annulés“ ass zwar reduzéiert, ma dofir awer net manner festlech wéi soss. D'Ekipp vun de Rotondes huet alles doru gesat, fir dass de Public an och déi vill Artisten an aller Sécherheet vum Festival profitéiere kënnen. Sou suergen zanter dem 1. August Live-Optrëtter aus all Musek-Genre an weider Manifestatiounen um Parvis vun de Rotondes fir dee richtege Summerfeeling.

Mat dëser Editioun vum Festival trotzen d'Rotondes ganz bewosst dem Trend zu digitale Concerten.

Nieft Musek vun 21 Lëtzebuerger Konstellatioune stinn an deenen nächsten Deeg ënnert anerem nach Elektro vun der Berliner Band KUF a Krautrock vum Schwäizer Grupp One Sentence.Supervisor um Programm.

Nach bis den 23. August kann ee vun där grousser Summerprogrammatioun an de Rotondes profitéieren, dat gratis awer op Reservatioun.