Zanter 6 Joer gëtt et de Lëtzebuerger Museksduo “Magnus & John”. Viru gutt engem Mount ass hier nei Single “Fuse Together” eraus komm.

2014 hunn de Magnus Petersen an den John Portier sech zesumme gesat an decidéiert Musek ze maachen. Kennegeléiert hunn déi zwee sech duerch hir Meedercher, déi am selwechte Club Sport gemaach hunn. Och wann si ganz vill a ganz vill ënnerschiddlech Musek lauschteren, hunn si séier e Sound fonnt, deen hinnen allen zwee gefält an deen si dann och elo aus mécht.

"Fuse Together" vu Magnus & John - Rep. Liz Heintz

An hirer neier Single, “Fuse Together”, geet et, wéi bei deene meeschte Lidder vun hinnen, ëm d’Léift. Et geet ëm dee spezielle Moment, an deem ee vum Partner a säi Bann gezu gëtt, wéi si selwer soen.

Enn dës Joers kann ee sech dann eegenen Aussoen no och schonn op nei Musek vu Magnus & John freeën. Den Duo wier permanent am Gaang u neier Musek ze schaffen. Donieft géife si dru schaffen och live kënnen opzetrieden a soubal sech do eng Méiglechkeet ergëtt, géifen si déi dann och notzen.