Déi 2 US-Popstaren, sou wéi de kanadeschen R&B-Sänger The Weeknd an déi südkoreanesch K-Pop-Band BTS gehéieren zu den Haaptgewënner.

D'Lady Gaga an d'Ariane Grande krute fir hirt Lidd "Rain On Me" d'Präisser fir d'Lidd vum Joer a fir déi beschte kënschtleresch Zesummenaarbecht. De Museksvideo vu Rain On Me krut iwwerdeems de Präis fir déi beschte Kameraaarbecht an d'Lady Gaga gouf beschte Kënschtlerin vum Joer. Bei hirem Optrëtt haten d'Lady Gaga an d'Ariana Grande, sou wéi och hir Dänzer, déi ganzen Zäit eng Otemschutzmask un.

Wéinst der Pandemie waren eng Rei Precautiounsmesure geholl ginn, deemno waren d'Concerte baussen op enger Rei Bünen uechter New York an en Deel vun de Kënschtler waren iwwer Video bäigeschalt.

Dorënner d'K-Pop-Band BTS, déi hiren Optrëtt mat engem virtuellen New York am Hannergrond per Video erageschéckt hunn an déi de Präis fir de beschte Popsong "On", déi beschte Band, déi beschte Choreographie an de Präis an der K-Pop-Kategorie mat Heem geholl hunn.

Wéinst der Corona-Pandemie goufen iwwerdeems speziell Präisser verdeelt: d'Ariane Grande krut zesumme mam Justin Bieber de Präis fir dee beschte Video, deen Doheem gedréit gouf, fir d'Lidd "Stuck With You". D'Latino-Boyband CNCO krut de Präis fir de beschte Quarantän-Optrëtt fir "Unplugged At Home".

Ma net nëmmen d'Corona-Pandemie huet d'MTV-Music Video Awards dëst Joer gepräägt. Dem The Weeknd, deen de besonnesch beléifte Präis fir dee beschte Museksvideo fir "Blinding Lights" krut, war virum Hannergrond vu rezente Fäll vu Rassismus a Policegewalt an den USA, net grad no Party. "Et ass ganz schwéier fir mech, elo grad ze feieren an dëse Moment ze genéissen", sot de kanadeschen RNB-Museker.

D'Black Eyed Peas, déi d'Gala ofgeschloss hunn, hu mat de Wierder "Black Lives Matter" Äddi gesot. Och d'Schauspillerin Keke Palmer, déi d'Zeremonie moderéiert huet, huet kloer Wierder fonnt: "Mir dierfe Policebrutalitéit an Onrecht ni acceptéieren."

Am Ufank vun der Zeremonie gouf dem d'lescht Woch u Kriibs verstuerwenen "Black Panther"-Schauspiller Chadwick Boseman geduecht.