En halleft Joerhonnert ass et hier, dass ee vun de gréisste Rockmuseker aus de 60er Jore gestuerwen ass.

Ugefaangen hat dem Jimi Hendrix seng Karriär an de 60er Joren zu Seattle. Als Gittarist huet hie Stare wéi de Curtis Knight, Ike & Tina Turner oder de Sam Cooke op der Bün begleet. Am Ganzen huet hie fir ronn 40 R&B-Bands gespillt. Ma säin Dram war et awer, eng eege Karriär als Songwriter, Sänger a Gittarist ze starten. E Wonsch, dee Realitéit ginn ass.

Zesumme mam Batteur Mitch Mitchell an dem Bassist Noel Redding huet hien d'Band „The Jimi Hendrix Experience" gegrënnt an d'Fans mat sengen onkonventionellen Optrëtter begeeschtert. Ënnert anerem huet hie Gittar um Réck oder mat den Zänn gespillt a säi Museksinstrument a Brand gesat. Zu sengen éischte Fans hu Stare wéi de Paul McCartney, John Lennon, Pete Townshend oder Eric Clapton gehéiert.

Wärend senge Joren als Rock'n'Roll-Ikon huet hien eng Abberzuel Hits erausbruecht, dorënner ënnert anerem "All Along the Watchtower", "Purple Haze", "Hey Joe", "Little Wing", "Voodoo Child", "The Wind Cries Mary" a "Red House".

Seng Karriär als Rockstar huet allerdéngs just knapp 4 Joer gedauert. Mat sengem Doud den 18. September 1970 ass eng wëll Zäit vu Sex, Drogen a Rock'n'Roll op en Enn gaangen. Hien ass onerwaart zu London gestuerwen. Seng Frëndin hat him Schloftablette ginn, déi méi staark ware wéi d'Pëllen, déi hie soss an den USA consomméiert huet.

Den Jimi Hendrix ass ee vun de "Memberen" vum berüümte Club 27: Jonk Staren, déi alleguerten am Alter vu 27 Joer verscheet sinn. Eleng tëscht de Joren 1969 an 1971 sinn den Jimi Hendrix, Brian Jones, Janis Joplin an Jim Morrisson am selwechten Alter gestuerwen. Mat de Joren ass d'Lëscht gewuess. 1994 koum beispillsweis de Kurt Cobain an 2011 d'Amy Winehouse dobäi.

Bis haut gëllt hien als ee vun de beschte Rock-Gittariste vun allen Zäiten a leeft och 50 Joer no sengem Doud op Radiosenderen uechtert d'Welt erop an erof.

© Getty Images/AFP/File/Scott Olson