Den 1. Concert vun der Hierschtsaison vum Diddelenger Uergelfestival ass den 22. Oktober um 20.15 Auer zu Diddeleng an der Kierch.

Den Optakt mécht de Récital, deen den Uergelfestival traditionell dem Gewënner oder der Gewënnerin vum Diddelenger Internationalen Uergelconcours vum Joer virdrun, offréiert.

D'Gewënnerin vum Concours 2019 war d'Russinn Anastasia Kovbyk. An hirem Récital kombinéiert si e puer grouss musikalesch Fresken (d'Improvisatioun "Victimae paschali laudes" vum Ch. Tournemire an Extraiten aus der 2. Symphonie vum L. Vierne), mat brillanten Uergel-Transkriptioune vum „Poème symphonique Orphée" vum F. Liszt (an der Uergel-Transkriptioun vum L. Robillard) an d'Toccata vum S. Prokofiev an der berüümter Transkriptioun vum J. Guillou.

De Concert gëtt wéi ëmmer op groussem Ecran projezéiert.

Wéinst der Covid-19-Pandemie musse sech d'Spectateuren am Viraus umellen. Tickete ginn et op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu.

Weider Informatioune fënnt een um Site vum Diddelenger Uergelfestival.