Vum 25. September u ginn all 2 Wochen 3 Lidder géint d'Corona-Restriktioune verëffentlecht. Dat huet den nordiresche Sänger e Freideg annoncéiert.

"De Morrison mécht a sengen neie Lidder kloer, wéi onglécklech hie mat der Aart a Weis ass, wéi d'Regierung perséinlech Fräiheeten ewechgeholl huet", heescht et op der Websäit vum Museker. Deemno sollen d'Lidder géint déi strikt Ausgangsspär handelen, déi an der éischter Phas vun der Corona-Pandemie a Groussbritannien verhaange gouf.

"Keen Ewechhuele méi vun eiser Fräiheet... Ënnert dem Virwand, dass et fir eis Sécherheet ass. Wann et a Wierklechkeet ass, fir eis ze versklave", sou en Textpassage an engem vun de Lidder.

BBC hat ewell scho gemellt, dass de 75 Joer ale Sänger de Wëssenschaftler virwërft, "kromm Fakten z'erfannen".

An enger Erklärung um Site vum Morrison kann een och noliesen, dass hien de Mënschen net virschreiwe wëll, wat si ze maachen oder ze denken hunn. Dat géif schonn déi brittesch Regierung maachen. Et géing him ëm d'Fräiheet ze wiele goen. "Ech gleewen, Mënsche sollten d'Recht hunn, fir sech selwer ze denken."

De Coronavirus breet sech iwwerdeems nees méi verstäerkt a Groussbritannien aus. De Gesondheetsminister Matt Hancock huet e Freideg wësse gedoen, dass en neie landeswäite Lockdown net auszeschléisse wier.