Zanter Deeg huet AC/DC méi oft Biller a Videoe mam Hashtag #PWRUP publizéiert, woubäi d'Fans sech gefrot hunn, wat dëst bedeite géing.

An et war effektiv eng Ukënnegung, an zwar vum 18. Album vun der australescher Band, dee fir den 13. November geplangt ass a sech "Power Up" wäert nennen. Um Album vum Quintett ëm de Sänger Brian Johnson an dem Gittarist Angus Young wäerten 12 nei Lidder ze fanne sinn.

Obwuel d'Fans vun der Kultband sech nach e bësse musse gedëllegen, bis se de ganzen Album lauschtere kënnen, hunn d'Auteure vum Lidd "Highway to Hell" ewell ee Lidd als Virgeschmaach verëffentlecht. D'Lidd "Shot in The Dark" deit drop hin, dass de neien Album vun der Rockband typesch fir hire legendäre Stil wäert sinn.

D'Band AC/DC gouf 1973 gegrënnt an zielt mat zu de wichtegste Rockbands vun der Museksgeschicht. Hier Albume goufe bis ewell iwwert 200 Millioune Mol verkaf.