Den 20. Oktober um 20.15 Auer ass den 3. Concert vun der Hierschtsaison vum Diddelenger Uergelfestival (FIMOD).

De Maurice Clement, bekannten Titular-Organist vun der Uergel vun der Philharmonie a vun der Dikrecher Dekanatskierch, Gewënner vum Gottfried-Silbermann-Concours, féiert a sengem Programm Wierker op vum J.S. Bach (Prélude en do mineur BWV 546) an Dom Paul Benoît (Fantasie iwwer Gaudeamus, „Au soir de l'Ascension du Seigneur", Allegro vivo e maestoso – „Hymne des vêpres de la Toussaint").

Nieft senger Improvisatioun spillt hien och Extraite vu grousse romanteschen Uergel-Wierker vum Ch. M. Widor (Extraite vun der Symphonie gothique) a vum Ch. Tournemire (Extrait aus „Les sept paroles du Xrist").

Besonnesch ervirzesträichen ass den Adagio "Sehr feierlich und sehr langsam" aus der 7. Symphonie vum Anton Bruckner.

De Concert gëtt wéi ëmmer op groussem Ecran projezéiert. Spectateure musse sech am Viraus umellen. Tickete ginn et op Luxembourgticket an op info@orgue-dudelange.lu.

Méi Informatioune stinn um offizielle Site vum Diddelenger Uergelfestival.