Bekannt war hie fir de Soundtrack zum Sonnenënnergang vun Ibiza, e Sound, deen duerch d'Welt gaangen ass. Elo ass de Museker an DJ José Padilla gestuerwen.

De José Padilla huet den Image vun Ibiza gepräägt. Hie koum 1975 op der Insel op d'Welt an ass zu Barcelona opgewuess.

An den 80er Jore konnt hie säin Dram, als DJ ze schaffen, verwierklechen an huet an de verschiddenste Clubben op senger Heemecht-Insel opgeluecht. Säi wuel gréisste Succès an der elektronescher Musek hat hien am Café del Mar.

Vun 1991 u konnt een den DJ reegelméisseg am Café bei der Plage vun Sant Antoni de Portmany erliewen, a mat him de fantastesche Sonnenënnergang op där Plaz. Seng Mëschung aus elektronescher wéi och klassescher Musek war d'Markenzeeche vum beléifte Club.

Eng éischt Compilatioun 1994 huet de Café-del-Mar-Sound d'Mënsche weltwäit begeeschtert a gouf vu ville Beach-Baren iwwerholl. Mëtt den 90er Jore war seng Musek den Abegraff vum Chill-out-Sound.

Och nodeems säi Successeur 1996 de Café del Mar musikalesch iwwerholl huet, huet de Padilla reegelméisseg als DJ opgeluecht. A Juli dëst Joer huet hie seng Daarmkriibs-Diagnos ëffentlech gemaach. D'Ibiza-Legend ass elo un de Suitte vun dëser Krankheet gestuerwen.