Hiren neisten Album "Song Machine: Season One - Strange Timez" ass endlech do, de beschten Zäitpunkt deemno fir hir nächst Tour z'annoncéieren.

Déi 4 Comic-Figuren Noodle, 2D, Murdoc a Russel si geschwënn nees op enger Bün ze gesinn. Déi wuel gréisste virtuell Band geet nämlech nees on Tour.

"Song Maschine Live" ass de Gorillaz hir éischt Performance zanter 2018 a gëtt weltwäit a Form vun 3 Showen iwwerdroen: Den 12. Dezember an Asien, Australien an Neiséiland an den 13. Dezember an Groussbritannien, Europa an Afrika.

Hire Wee féiert si am Summer d'nächst Joer awer och op Köln, Berlin a Lëtzebuerg. Hir lescht Show ass dann den 11. August 2021 zu London.

Tour-Daten

2020

12/13 Dezember – GLOBAL live stream via WWW.GORILLAZLIVENOW.COM

2021

16. Juni – KÖLN, Germany – Tanzbrunnen
18. Juni – BERLIN, Germany –Parkbühne Wuhlheide
01. Juli – LUXEMBOURG – Rockhal
11. August – LONDON, UK – The O2  Ticketen an Informatioune fannt Dir op atelier.lu