Et ass e seelenen Abléck, deen een den Ament am Luxembourg city Museum mat der Ausstellung “Fouillez dans les archives” ze gesi kritt. D’Stater Archive mat hiren Aufgaben, hiren Konservéierungarbeschten a villes méi ginn hei an Zeen gesat. Et ass a Bléck hannert d’Kulisse vum Beruff Archivist. Doniewent ginn et awer och eng rëtsch Dokumenter ze gesinn, déi wichteg fir d’Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg waren.
D’Archiv ass wéi d’Gediechtnes vun der Stad Lëtzebuerg. Eng vun hiren Aufgaben ass d’Verwaltung vu sozialen, politeschen an urbanisteschen Dokumenter. D’Ausstellung am Luxembourg City Museum ass an 3 Deeler opgedeelt.
Ee vun de Schätz, an dat eelsten Dokument aus dem Archiv, geet op d'13. Joerhonnert zréck. D’Charte vum Ermesinde.
E wichtegt Thema an der Ausstellung ass Duerstellung an d’Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg. Donieft kritt een awer och zum Beispill en Abléck an d’Konservéierungsaarbecht oder den Opbau vum Archiv. D’Funktioun vum Archiv ass et awer och Beweiser ze hunn.
D´Mise en scène vun der Expo dréit dozou bäi, datt et net just en Ausstelle vu flaachem Pobeier ass. Dat gesäit een och gutt am leschten Deel, wou et ënner anerem ëm Topographie vun der Stad Lëtzebuerg geet.
Den Ënnertitel vun der Ausstellung :LU 82.1.2_296 – ass iwwregens d’Referenznummer, ënnert där d’Pläng, Dokumenter an d’Konzepter vun dëser Ausstellung an Zukunft archivéiert ginn.