De Virverkaf fir de Concert an der Rockhal fänkt e Freideg, den 13. November, um 9 Auer un.

Déi amerikanesch Band OneRepublic mécht d'nächst Joer Statioun zu Lëtzebuerg a wäert de 24. Oktober ee Concert an der Rockhal spillen.

De Virverkaf fir de Concert fänkt e Freideg, den 13. November, um 9 Auer un. Tickete ginn et um Internetsite vum Atelier


RTL.lu gëtt Iech d'Geleeënheet, fir gratis beim Concert mat derbäi ze sinn. Wat musst Dir dofir maachen?
Schéckt einfach eng SMS mam Stéchwuert "OneRepublic" an Ären Numm an E-Mail-Adress op de 62468 (0,50 € / SMS) a gewannt mat e bësse Chance eng Koppel Tickete fir de Concert.

© Rockhal