D'Asbl Music:LX huet 3 nei Hëllefe lancéiert, déi et de Museker erméigleche sollen, sech nach besser weider ze entwéckelen.

Zanter iwwer 10 Joer scho beméit sech Music:LX drëm, Lëtzebuergesch Museker a Bands zu Lëtzebuerg an am Ausland ze ënnerstëtzen. Besonnesch an der momentaner Situatioun, ass all Hëllef wichteg. Ëmsou méi kann ee sech iwwer nei Hëllefe vum Musek-Exportbüro Music:LX freeën. Nieft den existente Subsiden, kann een och elo vun 3 neien Hëllefe profitéieren.

De Composition & Songwriting Support ënnerstëtzt, wéi den Numm et seet, d'Schreiwen a Komponéiere vun neie Lidder, andeems de Museker u Workshoppen oder Songwriting-Camps deelhëlt. Ënnert anerem geet et awer mat dëser Hëllef och drëm, d'Kreatioun vum europäesche Repertoire ze fërderen.

Beim Global Budget Grant kritt een d'Méiglechkeet sech fir e Subsid am Wäert vu bis zu 15.000 Euro ze bewerben. Et ass eng global Hëllef, déi et dem Kënschtler erméigleche soll, méi flexibel ze sinn. Dozou sot den Direkter vu Music:LX, Giovanni Trono:

"Dës Hëllef regroupéiert all eis aner Hëllefen, mat verschidde Plussen, wéi zum Beispill eng Hëllef fir Business-Trippen ze ënnerhuelen, Hëllef fir dass si och selwer op professionell wichteg Eventer invitéiere kënnen (...)"

Et ass déi eenzeg Hëllef, bei där et en Appell an eng Deadline gëtt. All Joer kann ee Museker pro Museksstil dës Hëllef kréien. Well de Montant esou héich ass, ass dëst och déi eenzeg Hëllef, bei där e Jury decidéiert wien dovu profitéiere kann.

Déi 3. nei Hëllef vu Music:LX nennt sech Support for Local Structures. Et ass eng ganz nei Aart vun Ënnerstëtzung, well se net direkt un d'Kënschtler selwer geet, ma un d'Industrië vun deene si begleet ginn.

"[...] Et ass eng Aide, déi et engem erlaabt sech ze deplacéieren, fir nei Renconteren, nei Partner ze fannen. Eng Hëllef, déi et erlaabt d'Promotioun vu senger Struktur ze maachen an eng Hëllef, déi et erlaabt, seng Kompetenzen ze developpéieren, andeems een a Konferenzen, Workshops oder Consulting-Sessions deelhëlt.", esou den Giovanni Trono weider.

© Music:LX

Nieft den 3 neien Hëllefen, huet Music:LX och hier existent Hëllef fir Promo & Marketing ugepasst an den digitale Volet integréiert. Virun allem elo an der Pandemie hu si gemierkt, wéi wichteg dëse Volet mëttlerweil ass. Sie hëllefen de Kënschtler deemno och elo bei der Gestioun vun hire Social-Media-Kanäl.

An deem Kader ass och de Projet Amplify:LX entstanen. Den éischten Online-Event vu Music:LX, bei deem lokal Museker a Museksformatiounen optriede konnten. Zesumme mat Unison Studios, hu si héich qualitativ Videoe gedréint. Den Event war an 3 Kategorien opgedeelt: Interviewen, den Haaptdeel mat de Showcases an duerno Feedback-Sessions.

All d'Hëllefe si fir all lokal Museker - an eben elo och fir aner Professioneller aus dem Secteur, geduecht.