De Bouf vum Eddie Van Halen huet säin éischte Musikvideo verëffentlecht an dobäi privat Ablécker a säi Familljeliewe ginn.

De Wolfgang Van Halen féiert d'Familljentraditioun vum Liewens als Gittarist weider. Nodeems den Eddie Van Halen Enn Oktober u Kriibs gestuerwen ass, ass et elo u sengem Jong, als Museker duerchzestarten.

Säin alleréischt Lidd "Distance" an de passende Videoclip sinn en emotionaalt Undenken u säi Papp. Dësen ass en Zesummeschnëtt aus ale Videoen, an deenen de Wolfgang d'Liewe vun der Rock-Legend nach eng Kéier Revue passéiere léisst. Zum Schluss riicht sech den Eddie Van Halens an enger Sproochnoriicht nach eng Kéier perséinlech u säi Bouf a seet: "Ech sinn esou frou, dass du mäi Jong bass. Ech sinn houfreg op dech."

Finanzielle Profit wëll de Wolfgang Van Halen net duerch d'Erënnerung u säi Papp schloen. Dowéinst geet den Erléis, deen duerch seng éischt Single erakënnt, u karitativ Organisatiounen. Dorënner zum Beispill d'"Mr. Holland's Opus Foundation", déi Museksunterrecht fir Kanner a Jugendlecher fërdert, déi aus äermleche Verhältnisser stamen.

Den Eddie van Halen war ee vun de gréisste Rock-Gittariste vun allen Zäiten. Hie war Deel vun der Band Van Halen, déi sech an den 80er Jore weltwäit en Numm gemaach huet. Zu de gréissten Erfolleger vun der Band zielen d'Lidder "Jump" an "Ain't talking bout Love". Am Alter vu 65 Joer ass den Eddie van Halen u Kriibs gestuerwen.