Wat huet sech am Kader vun der Corona-Pandemie am Museksunterrecht verännert? De Philippe Dondelinger war op Steesel an d'UGDA-Museksschoul nofroen.

D'Kanner ginn elo vun den Enseignanten empfaangen a musse sech direkt d'Hänn desinfizéieren. An de Säll ass de Mask obligatoresch an d'Sëtzplaze goufen esou arrangéiert, dass déi néideg Distanz kann agehale ginn.

Fir déi, déi en Instrument spillen, gëtt d'Saach scho méi komplizéiert. Den Aloyse Weyler gëtt Coursen an der Perkussioun: Hei koum déi eng oder aner Erausfuerderung op hien duer. Weise wéi een de Stick unhalen soll geet elo net méi. Elo zielt just nach dat Visuellt. Dobäi kënnt, dass all eenzelt Instrument duerno desinfizéiert muss ginn.

Bei den Ensembelen ass gekuckt ginn, wéi Gruppe matenee musizéieren kënnen an dodra si se extrem limitéiert. Méi ewéi 4 ass net méi erlaabt. Den Ament muss et emol esou weider funktionéieren. D'Zukunft wäert ons da verroden, wat sech elo nach weider fir déi eenzel Beräicher ännere wäert.