De legendären US-Museker soll ëm geschaten 300 Milliounen Dollar méi räich gi sinn. Grond dohannert ass en Deal mat Universal Music.

Fir eng néngstelleg Zomm soll hien nämlech d'Rechter u senge Lidder un de Musekskonzern verkaf hunn. Universal Music selwer huet kee genaue Chiffer genannt, "New York Times"-Schätzungen no wieren et ronn 300 Milliounen Dollar.

De Folk-Rock-Pionéier ass ee vu wéinege Kënschtler, deen d'Verlagsrechter vu senger Musek selwer kontrolléiert huet. Den 79 Joer ale Sänger ass bis ewell den eenzege Museker, deen e Literatur-Nobelpräis fir seng Texter krut.