Bicher-Rentrée 2020Katalog soll dëst Joer e modesten Ersatz fir d‘Walfer Bicherdeeg sinn

RTL Lëtzebuerg
D’Pandemie an déi ervirgaangen Annulatioun vun de Walfer Bicherdeeg huet dem Bichermarché en déiwe Coup verpasst, souwuel lokal wéi och international.
Bicher-Rentrée 2020
D’Pandemie an déi ervirgaangen Annulatioun vun de Walfer Bicherdeeg huet dem Bichermarché en déiwe Coup verpasst, souwuel lokal wéi och international.

Esou maachen d’Lëtzebuerger Bicherediteuren am Schnëtt 1/3 vun hirem annuelle Revenu bannent deem enge Weekend. Obschonns ee momentan nach keen déiwen Abroch gesinn huet, erënnert den Ian De Toffoli, President vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren, awer dorun, dass déi meescht Bicher déi elo rauskomm sinn, scho virum éischte Confinement geschriwwen (an deelweis souguer produzéiert) gi sinn. Soumat wier en Abroch zu engem spéidere Moment net auszeschléissen.

Fir den Ament hält de Bichermarché sech awer ganz gutt, wéi och de Fernand Ernster bestätegt. D’Verkafszuele wieren deemno am November souguer eropgaangen. Dat géif deelweis doru leien, dass d’Clientë méi Bicher an enger Kéier kafen a soumat déi méi kleng Zuel vu Clientë kompenséieren.

Vue dass d’Librairien an de Nopeschlänner länger Zäit zou waren (bezéiungsweis zou sinn), wieren och méi auslännesch Clientë laanschtkomm.

Mä wéi hunn d’Schrëftsteller déi lescht puer Méint materlieft? A wéi goufen déi nei Bicher sou ganz ouni Liesungen a Foirë promouvéiert? Fir eise Reportage hu mir mat de Betraffene geschwat an den Impakt vum COVID-19 op de Bichermarché diskutéiert.

Back to Top
CIM LOGO