Den 8. Dezember 1980 sollt als e schwaarzen Dag an d'Museksgeschicht agoen. Den Ex-Beatles-Member gouf zu New York Affer vun engem kalbliddege Mord.

Et ass bal 11 Auer, wéi den John Lennon a seng Fra Joko Ono um Wee fir Heem sinn. Kuerz virdru war d'Koppel nach am Studio fir verschidde Saachen opzehuelen. Virun hirem Haus zu New York dunn ass e Mann opgedaucht an huet ganzer 5 Mol op de weltbekannte Museker a Member vun de Beatles geschoss, dat aus ronn 6 Meter.

De Lennon gouf schwéier blesséiert um hënneschte Sëtz an engem Police-Auto an d'Urgence gefouert. Leider huet de Museker vill Blutt um Wee verluer an d'Dokteren erklären och spéider, dass den John Lennon "net déi geréngste Chance hat z'iwwerliewen".

"De fréiere Beatles-Member John Lennon gouf e Méindeg den Owend viru sengem Haus zu New York ëmbruecht"... Eng vun den éischten Headlines vun der franséischer Noriichtenagence AFP léist eng reegelrecht Well vu Berichter an eng vaste medial Couverture vum Fall aus, dat weltwäit.

© AFP

An dëser Affär stoung natierlech séier de Mäerder vum John Lennon am Virdergrond. De Mann gouf op der Plaz vum Mord selwer festgeholl. Säin Numm ass Mark Chapman an huet zu deem Zäitpunkt 25 Joer. Wéi et heescht, hätte Stëmmen hien dozou forcéiert de Lennon ëmzebréngen. Hie gouf zu liewenslaangem Prisong veruerteelt. Den Chapman lieft iwwregens haut nach ëmmer a sëtzt seng Strof bis zu sengem Dout of.

© NYPD/AFP

Puer Stonne virum Mord, war den Chapman nach virum Lennon sengem Haus, dat matten an engem Koup u Leit a krut souguer en Autogramm op seng "Double Fantasy"-Plack, de rezentsten Album vum John Lennon zu deem Moment. Spéider gouf och ëmmer méi kloer, dass de Mäerder vum Lennon selwer e fanatesche Fan vum Museker war, ma dëse Fanatismus hätt sech mat der Zäit zu enger Zort Haass entwéckelt.

Och wann den deemools 40-Joer-ale Weltstar net méi souvill vu sech héiere gedoen huet, war hien trotzdeem weider an der Musekswelt present an net vergiess.

Eng grouss Tragedie

Kuerz nodeems bekannt ginn ass, dass den Ex-Beatles-Star dout ass, huet den US-amerikanesche President sech zu Wuert gemellt a vun enger "grousser Tragedie geschwat. Virum "Dakota Building" bei Central Park, wou de Lennon mat senger Fra Yoko Ono a sengem Bouf Sean gewunnt huet, hu sech dausende Fans zesummefonnt, fir dem Museker ze gedenken.

"E wéineg irritéiert vun de Mënschemassen", esou seng Wittfra, betount d'Yoko Ono, dass et keen ëffentlecht Begriefnis wäert ginn. Si wéilt keen "Zirkus" hunn, heescht et spéider vum David Geffen, de President vun der neie Plackefirma vun der Koppel.

Ma trotzdeem hu vill Leit dem John Lennon Äddi gesot, deen John Lennon, deen nach e puer Joer virdru fir vill Gespréich gesuergt hat, well hien d'Popularitéit vun de Beatles mam Jesus verglach hat.

De 14. Dezember hu sech tëscht 100.000-200.000 Leit an der Keelt am Central Park, direkt bei der Plaz vum Mord zesummefonnt, fir un de Lennon ze gedenken. Wärenddeem goufe Lidder vum Beethoven an de Beatles gespillt.

© GETTY IMAGES NORTH AMERICA/AFP/Jemal Countess

Änlech gouf un de Museker zu Miami, Los Angeles, Chicago, Seattle oder Bosten geduecht. Honnerte Radioen an den USA hunn deen Dag ausschliisslech Beatles-Lidder gespillt an eng 10-Minutte-laang Gedenkminutt gouf op Wonsch vu senger Fra agehalen.

Natierlech war d'Trauer virun allem och an England grouss. Zu Liverpool, der Gebuertsstad vum Lennon, hunn 20.000 Leit sech zesummefonnt a sech, a sengem Geescht, fir de Fridden an der Welt ausgeschwat.

Joerzéngten no sengem Doud, hunn dann och verschidde Géigestänn vum John Lennon, déi deelweis als Relikte bezeechent ginn, astronomesch Zomme bei Steeën areecht.

Dorënner de Piano, op deem "Imagine" gespillt gouf. Eng Persoun vu London huet dat gutt Stéck fir 2,45 Milliounen Euro kaf. Eng Gittar vun him gouf 2015 an den USA fir 2 Milliounen Dollar verkaf.

© AFP

2019 waren et dunn 137.500 Pond fir ee vun de charakteristesch ronne Sonnebrëller an nach eemol 35.000 Dollar am Joer 2016 am Texas, fir e puer Hoer vum Museker.