
De Choix u Filmer wäert duerch dës Schratt natierlech méi grouss sinn, wéi soss. 4 verschidden Abonementer wäerten et vun elo un an dem Kader och elo ginn, dat ugefaange mat 7,99€ pro Mount.
Sooner.lu ass doduerch eng eenzegaarteg nei Plattform zu Lëtzebuerg, déi iwwer 5.000 Filmer aus dem Independent-Kino aus der ganzer Welt offréieren, mat engem Fokus och op de Lëtzebuerger Kino. Genee geholl ass dëst dee gréisste Choix u Filmer disponibel zu Lëtzebuerg. Mount fir Mount sollen dann och nei Filmer bäikommen, vun 2021 un ass dann och eng Auswiel un europäesche Serie geplangt.

Op Sooner.lu sollen dann och exklusiv 300 Lëtzebuerger Filmer ugebuede ginn. Heizou zielen “Superjhemp Retörns”, “Doudege Wénkel”, “Rusty Boys”, “Eng Nei Zäit” oder “Le club des Chômeurs”. Am Kader vum Programm “Europe Creative de la Commission Européenne” sinn d’Filmakademie, de Lëtzebuerger FilmPräis, de Centre National de l’Audiovisuel, d’Post Telecom an de Film Fund Luxembourg Partner vun dësem Projet.