Bis 15. Januar zouCape zu Ettelbréck iwwerdréit Spektakelen online a Kënschtler kënne prouwen

RTL Lëtzebuerg
Zanter iwwer 2 Woche mussen d’Kulturhaiser hir Diere fir de Public schonn zou loossen.
Cape zu Ettelbréck iwwerdréit Spektakelen online
Bis de 15. Januar mussen d’Dieren zou bleiwen, fir mat Kënschtler a Kontakt ze bleiwen, gouf sech eppes afale gelooss,

Bis de 15. Januar si keng Danz-, Theater- oder Museksopféierunge geplangt. Esou och am Cape. Ma fir dass hir Raim wärend där Zäit net eidel bleiwen a si de Kontakt zu de Kënschtler net verléieren, hu si sech eppes afale gelooss.

Am Cape zu Ettelbréck begéint een trotz Lockdown light, heiansdo Kënschtler op de Bünen. Si kënnen nämlech hei an de Säll an op de Büne prouwen, nei Projete kreéieren a sech kënschtleresch entfalen. D’Offer riicht sech explizitt u professionell Kënschtler. Wie vun de Raimlechkeete profitéiere wëll, huet missen eng Ufro mat der Beschreiwung zu engem bestëmmte Projet eraschécken.

Well de Lockdown jo elo bis de 15. Januar verlängert gëtt, schaffe si elo ausserdeem drun, esou vill Spektakele wéi méiglech och online ze streamen, fir dass d’Leit net nach länger op d’Konscht verzichte mussen.

Back to Top
CIM LOGO