Eigentlech wier een elo schonn an der Mëtt vun der Expo 2020 zu Dubai ukomm. Ma dat huet missen, wéi sou villes, verréckelt ginn.

Elo ginn d'Dieren eréischt d'nächst Joer, den 1. Oktober 2021, opgespaart. Mattendran och de Pavillon vu Lëtzebuerg, un deem grad nach fläisseg geschafft gëtt.

D'lescht Woch war et um OPL, dem Orchestre Philharmonique du Luxembourg, déi 6 ganz besonnesch Stécker opgeholl hunn. Déi gehéieren zum Gesamtkonzept vum Pavillon dozou. D'Visiteure sollen op hirem Wee duerch de Pavillon mat Musek begleet ginn, bis se ganz uewen ukommen, wou en Highlight-Film iwwer Lëtzebuerg gewise gëtt. An deem Film gëtt d’Geschicht vum Grand-Duché erzielt an dofir gouf eng eege Musek komponéiert, fir dass ee Lëtzebuerg net nëmmen visuell, mee och akustesch erliewe kann.