D'Biographie vun der Pop-Diva Whitney Houston soll op de groussen Ecran kommen. Als Haaptduerstellerin ass d'Brittin Naomi Ackie virgesinn.

Déi geplangte Filmbiographie gouf nom Whitney Houston sengem Welthit "I Wanna Dance With Somebody" benannt. Wéi d'US-Zäitschrëften "Variety" an "Hollywood Reporter" beriichten, hätt sech d'Regisseurin Stella Meghie fir d'Actrice Naomi Ackie an der Haaptroll entscheet. Si hätt d'Jury a ganzer Linn iwwerzeegt. Ënnert anerem war déi 28 Joer al Brittin a Filmer wéi "Star Wars: The Rise of Skywalker" (2019), "Lady Macbeth" (2016) oder "Doctor Who: Face the Raven" (2015) ze gesinn.

Produzéiert gëtt d'Verfilmung vum Museksproduzent Clive Davis, deen d'Whitney Houston entdeckt hat, fir d'Dréibuch ass den Auteur Anthony McCarten zoustänneg. Hien huet ënnert anerem och d'Dréibuch fir de Film "Bohemian Rhapsody" geschriwwen.

An den 80er Jore war d'Whitney Houston ee vun de gréisste Staren iwwerhaapt. Hir Lidder an Albe goufen e puer Millioune Mol verkaf. Och haut lafen hir Lidder um Radio an op de Musek-Streaming-Déngschter erop an erof. Zesumme mam Kygo gouf esouguer eng posthume Single als Remix verëffentlecht. 7 Jore no hirem Doud ass nämlech en net-publizéiert Lidd vun der Sängerin op de Marché komm. D'Original staamt vum Steve Winwood aus dem Joer 1986.

Am Februar 2012 gouf d'Whitney Houston dout an enger Buedbidden an engem Hotelszëmmer zu Beverly Hills fonnt. Si ass am Alter vun 48 Joer gestuerwen.