1 Joer, nodeems d'Sängerin Marie Fredriksson vun der schwedescher Band de Kampf géint de Kriibs verluet hat, ass elo e weidert Band-Member gestuerwen.

De Per Gessle huet matgedeelt, dass de Museker Pelle Alsing am Alter vu 60 Joer verscheet ass. Bis ewell goufen nach keng Detailer iwwert d'Doudesursaach genannt.

Zanter den 80er Joren ass de Batteur zesumme mat Roxette opgetrueden an huet un e puer vun hiren Albe matgewierkt. Weltwäit goufen ëm 80 Milliounen CDe verkaf. Zu hire berüümtste Lidder zielen Hits wéi "It Must Been Love", "Listen To Your Heart" oder "The Look".

Virun ongeféier engem Joer, dem 9. Dezember 2019, ass d'Marie Fredriksson un de Suitte vu Kriibs gestuerwen. 2002 gouf bei der schwedescher Musekerin e Gehiertumor fonnt.