Eidel Säll, kee Public, de Musikkonschtmilieu muss sech nei erfannen.

Livestream ass eng Méiglechkeet, fir den Artisten Aarbecht ze ginn an de Public trotz allem mat anzebezéien.

An der Abtei Neumünster hat de Régis Thill d’Geleeënheet, fir bei engem Concert mat der Musekerin Sophie Bernardo a mat der Responsabel vun Neimënster se schwätzen.

Fir dem Sophie Bernardo seng Musek kënnen ze erliewen, musse ee mat an enger Dramwelt iwwert der Äerd fléien oder ënnert dem Waasser Nouten an engem subaquatischen Ambiente eranzéien.

D’Sophie Bernardo ass eng franséisch Musekerin, déi mer am Januar am Kader vum RESET Festival wäerten erëmgesinn.

Hoffentlech. An hoffentlech mat Public.