Millioune Mënschen aus der ganzer Welt kënnen dëst Joer bei engem Silvester-Special mat dobäi sinn, dat et an där Form nach ni gouf.

Caféen an Diskoen zou, Ausgangsspären a ville Länner a Kontraktbeschränkungen: Op eng gréisser Party muss dëst Joer op Silvester verzicht ginn.

Dat heescht allerdéngs net, dass ee sech a sengen eegene 4 Wänn den 31. Dezember langweile muss. Dofir wëllen d'Organisateure vun Tomorrowland suergen.

E séchert, revolutionäert an internationaalt Konzept

Vun Tokio iwwer Lëtzebuerg bis op New York: Op 4 digitale Bünen wäerten dës Joer weltbekannte Museker ze gesi sinn a fir Stëmmung suergen. Dorënner den Armin van Buuren, Boys Noize, Da Tweekaz, Dimitri Vegas & Like Mike, Lost Frequencies, Major Lazer, Snoop Dogg aka DJ Snoopadelic oder Ran-D, Wildstylez.

Domat net genuch: Ganz nei ass de Standuert vun der Veranstaltung. NAOZ heescht déi digital Plaz, wou modern Technik mat 3D-Design a Spezialeffekter an den Asaz kommen. Zil ass et, de Partygäscht en eemolegt Erliefnes ze bidden an enger magescher Welt.

Vun 20 Auer owes bis 3 Auer moies gëtt déi gréissten digital Silvesterparty 2020 iwwerdroen. Museksfrënn brauchen dofir just e Computer, Smartphone oder Tablet.

De Virverkaf vun den Ticketen hat de 17. November ugefaangen.

Dass en Online-Festival an Zäite vu Social distancing eng gutt Alternativ ass, huet d'Tomorrowland schonn am Juli gewisen. Ronn eng Millioune Mënschen hate sech de Livestream „Tomorrowland Around the World" ugekuckt.

Around the world