Am Alter vun 81 Joer ass de bekannte Fado-Sänger Carlos do Carmo a Freideg gestuerwen, datt huet d'Regierung zu Lissabon matgedeelt.

De Verstuerwenen huet als "Stëmm vu Lissabon" gegollt a war ee vun de beschte Fado-Sänger, engem vun der Melancholie gepräägte Museksstil.

Den do Carmo war 2014 fir säi Gesamtwierk mat engem Latin Grammy Award ausgezeechent ginn. Hien ass wärend senger Karriär op de weltwäit gréisste Bünen opgetrueden, ënnert anerem am Olympia zu Paräis, an der Royal Albert Hall zu London an an der Frankfurter Oper.

Déi portugisesch Regierung ënnert dem Antonio Costa huet erkläert, datt een d'Noriicht vum Doud vum do Carmo mat déiwer Trauer opgeholl huet. Fir e Méindeg gouf fir een Dag eng Staatstrauer deklaréiert.