Et ass eng Investitioun, déi esou wäertvoll ass wéi den Handel mat Gold oder Ueleg: De Verkaf vu Musekverlagsrechter.

Nom Bob Dylan huet sech elo de Museker Neil Young dozou entscheet, en Deel vun de Rechter u senge Lidder ze verkafen. Ronn 50% dovu sollen un "Hipgnosis Songs Fund" goen, heescht et vum britteschen Investmentfong e Mëttwoch. Domat steet hinnen d'Hallschecht vun de weltwäiten Auteur-Rechter an den Zënsen zou, déi aus ëm 1.180 Lidder entstane sinn.

Informatiounen iwwert de genaue Verkafspräis goufen net publizéiert. D'Zäitschrëft "Variety" geet schätzungsweis vu 50 Milliounen Dollar aus. BBC dogéint rechent mat 150 Milliounen Dollar.

1 Mount ass et hier, dass de Bob Dylan Geld aus senge Lidder-Rechter Geld gemaach huet. Hien huet d'Verlagsrechter vu senge 600 Lidder u Universal Music Publishing Group verkaf. Och hei gouf de genaue Verkafspräis net matgedeelt. D'Zomm gëtt op 300 bis 500 Milliounen Dollar geschat. Op en änlechen Deal hu sech de Produzent Jimmy Iovine oder d'Stevie Nicks vu Fleetwood Mac viru Kuerzem agelooss. Si huet 80% vun all senge Museksrechter un d'Firma Primary Wave fir 100 Milliounen Dollar verkaf.