Zanter bal engem Joer sinn d'Proufsäll vun de Museksveräiner elo schonn eidel.

Bis op eng kleng "Confinementspaus" am Summer, wou déi eng oder aner Prouf mat vill Ofstand war, geschitt bei den Amateur-Orchestere momentan net vill. Och déi momentan Mesuren erlaben et hinne quasi net mateneen ze musizéieren.

D'lescht Woch war och eng Pressekonferenz extra fir de kulturelle Beräich. Hei gouf festgehalen, dass Prouwen zu 4 méiglech sinn. Den Dirigent inclus. An esou enger Konstellatioun ze prouwen, wier awer immens schwéier, well et fir esou kleng Regësteren net vill Literatur gëtt.

D'Motivatioun, fir geschwënn erëm prouwen ze kënnen, ass awer jiddefalls do a mat e bësse Gedold an Disziplin sinn déi regulär Prouwen an d'Gespréicher duerno dann och vläicht net méi esou wäit ewech.