Hie war tëscht 1981 an 1996 Chefdirigent vum deemolegen RTL-Orchester.

E Méindeg konnten d'Kultur-Instituter hir Dieren nees opmaachen. Den OPL huet dovunner profitéiert fir den "Neijoeschconcert" dann och gläich zweemol viru reduzéiertem Publikum ze spillen an dat ënner der Direktioun vum Leopold Hager.

De Leopold Hager, deen am Oktober seng 85. Joer gefeiert huet, staamt vu Salzbuerg, wou en um Mozarteum studéiert huet. No éischten Engagementer zu Mainz, Linz, Köln, Freiburg an um Mozarteum, gouf hien 1981 Directeur musical vum RTL-Orchester, dem aktuelllen OPL, e Posten, op deem hie bis 1996 war.

De Leopold Hager huet och ë.a. och an de groussen Operenhaiser weltwäit geschafft a war Gaaschtdirigent bei en etleche renomméierten Orchesteren.

Hien war vrun allem bekannt fir seng Mozart-Interpretatiounen.

D'Kulturministesch Sam Tanson huet dem Leopold Hager, a Presenz och vun der fréierer Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges, de Certificat als "Éierendirigent" iwwerreecht.

© Alfonso Salgeiro OPL